AlbumcheckOf Monsters And Men - Fever Dream

8 Joer ass et hir, dass di islännesch Band Of Monsters And Men mat hirem Debütalbum „My Head Is An Animal“ bekannt gouf. Elo sinn si zréck mam 3. Album

Leschten Update: 30.07.2019, 12:25:40

Mat der Debüt-Single "Little Talks" haten Of Monsters and Men hire bis elo gréissten Hit. Net just an Island war de Song wochelaang op Plaz 1 vun den Charts.

Och op hirem 2. Album sinn d’Islänner hirem orchestralen Indiepop-Folk trei bliwwen. Elo melle si sech zréck mat 3. Longplayer- an d‘Iwwerraschung kéint kaum méi grouss sinn: Op "Fever Dream" spille si op eemol Powerpop mat e sëllechen elektronesche Beats a Synthiemelodien.

De Song "Vulture, Vulture" kléngt extrem rhythmesch an melodiéis an och déi éischt Single "Alligator" verbreet ee poppege Sound. Um Titel "Under A Dome" verbreeden d’Museker  eng dramatesch Melancholie a kléngen sou düster wéi nach no virdrun.

Et ass ee Stilbroch, fir dee wuel och de Produzent Rich Costey responsabel ass, deen och bei der Band Muse fir dee bombastesche Sound suergt. Hien huet probéiert, d’Band e bësse méi an eng experimentell Richtung ze steieren, ouni dass dobäi awer dee poppege Sound verluer geet.

Fazit: Of Monsters and Men sinn trotz hirem brave Sound  ëmmer nach eng Band, där hir Musek iwwerzeegt an déi dozou invitéiert, sech dreiwen ze loossen- och wann elo kee wierklechen Hit um Album ass. Deen entspaanten Synthie- Sound kann och ouni Chartsplazéierung gréisstendeels iwwerzeegen.