AlbumcheckMabel - High Expectations

Mat der Single ‚Don’t Call Me Up‘ huet d‘Mabel fir d’éischte Kéier de Sprong an d‘Top 10 vun den Charts gepackt. Elo presentéiert hatt säin Debütalbum.

Leschten Update: 05.08.2019, 09:56:35

20 Lidder sinn um Album ze fannen – an "Don´t Call Me Up" ass dobäi net deen eenzegen Hit. Des Single handelt jo dovun, wéi d’Sängerin erfollegräich iwwert hiren Ex ewech komm ass.

"Selfish Love" ass ee weidere Song mat Hit-Potential. Melodiéis am typesch entspaanten"Mabel-Style" kënnt d’Lidd dohier.

"Mad Love" bitt ee moderne Beat an ee Club-Sound, de Refrain bleift am Ouer a mécht Loscht matzesangen.

D‘Ballade "Belong To Me" ass wuel deen emotionaalste Song vum Wierk. Mat entspaante Soul-Elementer kann den Track punkten. Mat de leschte Songs gëtt den Album nees méi roueg. 

Fazit: D’Sängerin verschafft um ganzen Album ähnlech Themen, nämlech dréit sech alles ëm sexuell Bezéiungen tëscht zwou Persounen.Textlech iwwerrascht de Longplayer deemno net.

Soundtechnesch stellt den Album d’Wierker vu Kolleginnen wéi Dua Lipa oder Bebe Rexha awer däitlech an de Schiet. Iwwerdeems op den Alben vun de Kolleginnen vill Fëllmaterial ze fannen ass, iwwerzeegt Mabel op ville Lidder mat melodiéisem Sound. Nom aktuellen Hit „Don’t call me up“ sinn mat Tracks wéi "FML", "Put Your Name On It" a"Selfish Love"weider potenziell Hits ze fannen, iwwerdeems d’Ballade "I Belong To Me" mat entspaantem Soul - Faktor ka punkten. 




Links