AlbumcheckTaylor Swift - Lover

D'Taylor Swift huet leschte Freiden säin neien Album "Lover" erausbruecht.

Leschten Update: 26.08.2019, 14:09:38

Ass et um leschten Taylor-Swift-Album “Reputation” nach ëm Ex-Frënn, d’Vir- an Nodeeler vum Star-Liewen an ëm de Sträit mat aneren amerikanesche Stars gaangen, handelt den neien Album „Lover“ virun allem vun der Léift zu sengem Partner Joe Alwyn. Nieft den typeschen Lovesongs äussert d’Taylor Swift sech op där neier CD awer och feministesch. Am Track “The Man” séngt hat doriwwer, datt all seng Decisiounen, seng Feeler a seng Erfolleger mat aneren Aen gekuckt géife ginn, wann hat e Mann wier.

Datt den Album elo am Summer erauskënnt ass bestëmmt keen Zoufall. Am Géigesaz zum däischteren an aggressive Sound um leschten Album, kléngt „Lover“ nämlech scho bal summerlech erfrëschend.

Wat mir um Album gutt gefält ass de Mix tëscht méi intime Momenter wéi zum Beispill beim Titeltrack „Lover” oder bei „Soon You’ll Get Better” zesumme mat der amerikanescher Country-Band Dixie Chicks an den typeschen Taylor Swift-Power Songs ewéi “Cruel Summer”.

De Problem ass awer, datt dem Taylor Swift säin neien Album “Lover” mat 18 Lidder einfach vill ze laang ass. D’Halschent un Tracks wär och duergaangen, virun allem well den Album am grousse Ganzen zimlech flaach kléngt a fir mech keng wierklech Highlighte ze bidden huet.