AlbumcheckTones and I - The Kids Are Coming

Leschte Freiden ass d'Debut-EP vun der australescher Sängerin Tones and I erauskomm.

Leschten Update: 02.09.2019, 09:43:46


Anescht sinn ewéi di aner an net am grousse Mainstream-Pop-Baseng ersaufen. Deen Usproch hu wahrscheinlech ganz vill Kënschtler. Deene meeschte geléngt dat awer leider net. Eng Musekerin déi sécher net an de Mainstream-Baseng schwamme geet, ass di australesch Sängerin Tones and I. Op senger Debüt-EP mam Titel “The Kids Are Coming” huet hat e ganz spezielle Sound kreéiert, deen excellent mat senger markanter Stëmm harmonéiert.

Op der EP sinn am Ganze 6 Songs an et ass impressionnant ze héieren, wéi vill Facetten Tones and I an där kuerzer Zäit vu sech weist. Op deene méi rouegen Tracks ewéi “Jimmy” oder “Colorblind” ass hat éischter zréckhalend, fir dann bei de Power-Lidder komplett aus sech eraus ze goen.

Als Fazit muss ee soen, datt et bei Tones and I nach vill méi ewéi bei anere Kënschtler wierklech Affäre de Goût ass, ob een d’Musek gutt fënnt oder net, virun allem wéinst der markanter Stëmm vun der Sängerin.

Ech perséinlech fannen d’EP awer gelongen. Engersäits well ech generell léiwer eng EP mat 6 gudde Songs hunn, ewéi en Album mat lauter Fëll Material. Anerersäits awer och well mir de ganz individuelle Sound vun Tones and I einfach gutt gefält.