AlbumcheckPost Malone - Hollywood's Bleeding

Leschte Freiden huet de Post Malone säin neien Album "Hollywood's Bleeding" erausbruecht.

10.09.2019, 04:30:19


Lauschtert eran!


Mam Titel “Hollywood’s Bleeding” kritiséiert de Post Malone d’Glitzer- a Glamour-Welt zu Hollywood a Los Angeles. Leit déi esou maache wéi wann se Kollege wieren, wéi wann se vun Ufank un un hie gegleeft hätten, wéi wann se hien ëmmer ënnerstëtzt hätten, oder wéi de Post Malone se nennt: Vampiren déi engem d’Blutt aussuckele wëllen. Vun deene Mënschen huet hien es genuch an ass dofir op Utah geplënnert. Fir fort ze kommen, eraus aus enger Stad déi un hirer Iwwerflächlechkeet erstéckt.

Gefillt gëtt alles wat de Post Malone an de Grapp hëlt en Hit an dat ass och bei sengem neien Album “Hollywood’s Bleeding” de Fall. Bis op de Fait, datt 3-4 Songs manner net geschuet hätten, kann den Album iwwerzeegen. Dozou droen och di héichkaräteg Feature-Gäscht e groussen Deel bäi. Meek Mill, Future, Travis Scott oder Halsey fir nëmmen e puer ze nennen.

D’Loft zu Utah schéngt dem Post Malone gutt ze doen. Op allefalls gefält mir säin neien Album “Hollywood’s Bleeding” richteg gutt. Éischtens ass de Post Malone musikalesch a melodesch gesinn fir mech aktuell ee vun deene stäerkste Kënschtler an der HipHop/R&B Seene. An zweetens sinn d’Texter an de Sound ofwiesslungsräich, mol sinn d’Theme méi däischter mol geet et awer och einfach dorëms d’Liewen ze genéissen a Party ze maachen.