AlbumcheckThe Faim - State of Mind

Leschte Freiden huet di australesch Rockband The Faim hiren neien Album "State of Mind" erausbruecht.

16.09.2019, 04:30:20


Lauschtert eran!


Wann ee mech géif froen, wat de Sound vun The Faim ausmécht, géif ech äntweren: Dem Sänger Josh Raven seng markant Energie-Stëmm, den Afloss vu Fall Out Boy an di emotiounsgeluede Refraine bei deenen ee quasi gezwongen ass mam Kapp mat ze wackelen.

Wéi et sech fir eng gutt Rockband gehéiert, huet The Faim um Album “State of Mind” awer natierlech och eng ganz roueg Nummer drop. “Where The River Runs” ass den 9. Track um Album an erméiglecht dem Nolauschterer wärend 4 Minutten a 7 Sekonnen e bësse vun der Faim-Powerwell erofzekommen. Net nëmme vum Sound mee och vum Inhalt hir bidd “Where The River Runs” eng Ofwiesslung zum Rescht vum Album, et ass wuel dee perséinlechste Song op “State of Mind”. Den Josh Raven séngt nämlech doriwwer, datt säi Papp a senger Kandheet ni wierklech fir hien do war.

Alleguer d’Tracks um Album “State of Mind” géifen ideal als Single fonctionnéieren. D’Texter sinn uspriechend, d’Songs ginn no fir a bleiwen am Kapp. Allerdéngs fannen ech, datt d’Album-Format net esou ganz bei The Faim passt, dofir ass “State of Mind” einfach net ofwiesslungsräich genuch: Ze vill typesch The Faim-Songs an ze mann aner musikalesch Facetten.