AlbumcheckSido - Ich & keine Maske

Leschte Freiden huet de Sido säin neien Album "Ich & keine Maske" erausbruecht.

Leschten Update: 30.09.2019, 13:32:33


Lauschtert eran!

Fir et direkt fir ewechzehuelen: Ech si kee Fan vum Sido senge Pop-Songs. Dofir war ech frou, datt den HipHop-Undeel op sengem neien Album erëm e bësse méi grouss ass. Do hëllefen och di héichkaräteg Feature-Gäscht: Zum Beispill de Casper beim Song “Schono ke”, de Luciano um aachten Track “Energie” oder ee vun den Däitschrap-Newcomer vum Joer, den Apache 207. Hien an de Sido liwwere mam Titel “2002” fir mech den Highlight vum Album.



Wat um Sido sengem neien Album opfält ass, datt de Sound am grousse Ganzen méi modern ass. De Flow, d’Beats a seng Stëmm, alles kléngt e bësse méi zäitgeméiss. E Song op deem een dat ganz gutt héiert an dee mech och vum Text hier iwwerzeegt ass “Papu”. De Sido huet dat Lidd fir säi verstuerwene Bop geschriwwen.

Mäi Fazit vun “Ich & Keine Maske” ass gemëscht. Engersäits fannen ech et gutt, datt de Sido probéiert sech um Album nei ze erfannen a sech der Zäit unzepassen. Dobäi sinn och e puer wierklech cool Songs erauskomm. Op där anerer Säit wierkt de moderne Sound op mech oft erzwongen a mir gefalen d’Pop-Songs eben einfach guer net. Mee vläicht muss ech och einfach akzeptéieren, datt et deen ale Sido net méi gëtt.

De 26. November wäert de Sido säin neien Album "Ich & keine Maske" och live an der Rockhal presentéieren! De Concert ass nach net ausverkaaft.