AlbumcheckSeeed - BAM BAM

Leschte Freiden hu Seeed hiren neien Album "BAM BAM" erausbruecht.

Leschten Update: 08.10.2019, 09:24:57


Lauschtert eran!

“Der König ist tot” heescht et um neie Seeed-Album. De Kinnek ass dout, deen drëtten “E” vu Seeed ass net méi mat dobäi. Bal annerhalleft Joer ass et elo hir, datt den Demba Nabé gestuerwen ass. Op “BAM BAM” huet hien awer nach e leschte groussen Optrëtt, seng Bandkollege vu Seeed hunn him d’Éier vum Schlusswuert ginn. “What A Day” heescht dat leschte Lidd um Album, vun deem den Demba Nabé scho viru Joren eng Demoversioun opgeholl hat. Déi Opnam hunn d’Seeed-Museker op enger Festplack erëmfonnt a fäerdeg produzéiert. “What a Day” ass en däischtere Song, et spille Sträichinstrumenter an déiwer Lag an eng melancholesch Pianosstëmm. Do driwwer trount de Gesang vum onvergiesslechen Demba Nabé.

Um Album “BAM BAM” soe Seeed Äddi. Net nëmmen hirem ale Kolleg Demba Nabé, mee och hire Jugendzäiten. Et huet een nämlech d’Gefill Seeed wieren e bësse méi räif an erwuesse ginn. Engersäits ass de Sound am allgemengen e bësse méi roueg ginn an och thematesch geet et net méi just ëm Fraen a Party.

Och wa sech vill verännert huet a 7 Joer Paus zanter deem lëschten Album eng laang Zäit ass, bleiwe Seeed sech trei. Si bréngen et nach ëmmer fäerdeg eng eenzegaarteg awer gläichzäiteg massekompatibel Mëschung aus Dancehall, Hip-Hop a Reggae ze schafen, just ebe mëttlerweil e bësse méi relax. Mäi Fazit vum Album “BAM BAM” ass positiv: Mir gefält besonnesch gutt, datt Seeed et trotz där ganzer Melancholie an Nostalgie fäerdeg bréngen, gutt Stëmmung a Liewensfreed ze verbreeden.