AlbumcheckDermot Kennedy - Without Fear

Virun 2 Wochen huet den Dermot Kennedy säin Debut-Album "Without Fear" erausbruecht.

Leschten Update: 15.10.2019, 14:38:02


Lauschtert eran!

Den Dermot Kennedy ass e gutt Beispill dofir, datt Musek beréiert. Dozou dréit virun allem seng Stëmm e groussen Deel bäi. Energiegelueden, facettëräich, emotional an am Ofgang rau a krazeg, esou géif ech dem Dermot Kennedy säin eenzegaartegt Organ beschreiwen.

Op sengem Debut-Album “Without Fear” zielt den Dermot Kennedy perséinlech Geschichten aus sengem Liewen. Nostalgesch Momenter – di gutt al Zäiten mat Kollegen – wiesselen sech of mat däischtere Sujeten ewéi d'Liewen op der Strooss oder Alkohol – kuerz gesot: Phasen an deenen et engem net esou gutt geet. E ganz grousst Thema um Album ass awer natierlech och d’Léift, zum Beispill am Song “Dancing Under Red Skies”.

E bësse kritiséiere muss ech awer den Opbau vun den 13 Lidder um Album. D’Songs si quasi alleguer no deem selwechte Schema geschriwwen. Et fänkt lues un, mat akustescher Gittare oder Piano, no an no steigeren d’Lidder sech bis d’Drums ufänke mat spillen an de Song ausbrécht.

Alles an Allem fannen ech dem Dermot Kennedy säin Debut-Album “Without Fear” awer gelongen. Et mierkt een, datt hien trotz deem groussen Erfolleg keen ofgehuewene Mega-Star ginn ass. Ugefaangen huet den Dermot Kennedy als Stroossemuseker a bis haut ass hien um Buedem bliwwen, e Mann mat senger Gittare, dee säi ganzt Häerz a seng Musek stécht.