AlbumcheckMando Diao - BANG

Leschte Freiden hu Mando Diao hiren neien Album "BANG" erausbruecht.

Leschten Update: 21.10.2019, 15:19:29


Lauschtert eran!

Back to the roots an awer e grousse Schrëtt no vir! Mando Diao maachen erëm gudden ale Rock. Fetzeg Gittar-Riffs, Batterie an do driwwer di angenehm, rau a krazeg Stëmm vum Frontmann Björn Dixgård.

Op hirer leschter Tour hu Mando Diao gemierkt, datt de Rock-Sound hire Fans besonnesch gutt gefält an dofir hu si decidéiert um neien Album “BANG” di elektresch Gittar erëm an de Mëttelpunkt ze stellen. Mando Diao soe selwer iwwert “BANG”, datt et en däischteren Album ass, dat haaptsächlech wéinst den Texter. Et geet virun allem dorëms, datt ee sech traue soll aus dem System auszebriechen a sech vun de Reegelen déi d’Gesellschaft engem virgëtt ze befreien. Thematiséiert gëtt dat zum Beispill am Song “Don’t Tell Me”.




Deene Leit déi soen, datt de Rock’n’Roll an d’E-Gittar ausgestuerwe wieren, beweise Mando Diao de Géigendeel, si hu mat ale Stilmëttelen e modernen a coole Rock-Sound entwéckelt. An eisen Zäite vun elektronesch produzéierter Musek brénge si mam neien Album “BANG” eng erfrëschend Ofwiesslung, endlech mol erëm richteg Instrumenter an eng Band di Freed dobäi huet zesummen ze musizéieren.