Albumcheck Kanye West - Jesus Is King

Leschte Freiden huet de Kanye West säin neien Album "Jesus Is King" erausbruecht!

Leschten Update: 29.10.2019, 10:29:19


Lauschtert Eran!

De Kanye West ass onbestridden ee vun deene gréissten an aflossräichste Museker aus deene leschten 20 Joer. Mat sengen Alben “808s & Heartbreak” an “My Beautiful Dark Twisted Fantasy” huet de Kanye West zwee Meeschterwierker geschaaft, mat deenen hien d’Hip-Hop- an d’Pop-Welt revolutionéiert huet – eleng de Gebrauch vum Auto-Tune ass quasi komplett op “808s & Heartbreak” zeréckzeféieren.

Wann een de Kanye West awer an de leschte Jore suivéiert, stellt een sech esou seng Froen: Kontrovers Pro-Trump Statements, en Ego deen ee scho bal als gröössewahnsinneg bezeechne kann an eng komplett Bekéierung zum Chrëschtentum – Jo, de Kanye West gleeft elo ganz fest u Gott! Dofir benotzt hien a sengen Texter och keng béis Wieder méi, seng Duechter dierf sech net méi schminken an hien huet seng Mataarbechter am Studio gebieden op Sex virum Bestietnis ze verzichten. Ah jo an all Sonnden hält hien de sougenannte “Sunday Service”, esou eppes wéi eng Mass an där gesongen a gebiet gëtt. Dem Kanye säin neien Album steet dann och komplett am Zeeche vu sengem neie Glawen, verréit och schonn den Titel “Jesus is King”.

View this post on Instagram

OCTOBER 25!! #JIK #JESUSISKING 📸: @drethemayor

A post shared by Kanye West (@kanyewestt_official) on



Di 11 Tracks um Album dauere just 27 Minutten, dat meescht si Fragmenter, nëmmen dräi Lidder dauere méi ewéi 3 Minutten. Dobäi kënnt nach, datt verschidde Lidder einfach abrupt ophalen, de Flow um Album geet doduerch leider ganz verluer.

De Kanye West weist nëmme mat wéinege Songs, virun allem “Follow God” oder “Use This Gospel”, wat op sengem Gospel-Album méiglech gewiescht wier. Soss kann “Jesus is King” awer net wierklech iwwerzeegen, dofir ass den Album vill ze kuerz a vill ze iwwerflächlech.