AlbumcheckTurnover - Altogether

Leschte Freiden huet di amerikanesch Band hiren neien Album "Altogether" erausbruecht!

Leschten Update: 04.11.2019, 16:27:52


De Sound vun der amerikanescher Band Turnover huet sech an deene leschte Jore vill verännert. War et 2013 op hirem éischten Album “Magnolia” nach Rock oder Punk, sinn Turnover haut éischter am Indie-Genre doheem an dat steet hinnen, ewéi ech fannen, richteg gutt!

View this post on Instagram

altogether out now

A post shared by Turnover (@turnoverva) on



D’Musek vun Turnover ass fir den Nolauschterer einfach ze verstoen an awer qualitativ héichwäerteg. An den Texter op hirem neien Album “Altogether” schreiwen Turnover iwwer alldeeglech Themen ewéi d’Dreem déi een am Liewen huet oder och natierlech d’Léift. Wat op “Altogether” ausserdeem opfält: Turnover verschaffen a verschiddene Songs Disco-, Funk- oder Jazz-Elementer. E gutt Beispill dofir ass de Saxophon um 6. Track “Ceramic Sky".

Turnover ass keng Band, déi sech mat hirer Musek vun aneren Indie-Pop-Bands ofhiewe kann, dofir brénge si ze wéineg Highlights. Mat “Altogether” hunn di dräi amerikanesch Museker awer en Album erausbruecht, dee fir mech perfekt an di däischter a reenereg Hierscht-Zäit passt. Op där enger Säit verspiert ee beim Lauschteren Nostalgie an denkt eventuell un de Summer oder generell u gutt Zäiten zeréck. Mat der Coolness an der Geloossenheet an hirer Musek bréngen Turnover et awer gläichzäiteg fäerdeg gutt Laun ze verbreeden!