AlbumcheckBishop Briggs - Champion

Leschte Freiden huet d'Bishop Briggs säin neien Album "Champion" erausbruecht!

Leschten Update: 11.11.2019, 12:22:05

Lauschtert Eran!

Beim éischte Lauschtere vum Bishop Briggs sengem neien Album “Champion” ass mir direkt ee Wuert an de Kapp komm fir seng Musek ze beschreiwen: rebellesch. Mat senger bësse méi rauer an däischterer Power-Stëmm an dem energiegeluedene Sound rappt dat tought Bishop Briggs den Nolauschterer direkt mat a vermëttelt dobäi den Androck, datt et him ganz egal ass, wat anerer vun him denken.



Op “Champion” setzt d’Bishop Briggs sech virun allem mam Thema Trennung auserneen a weist sech a sengen Texter ganz emotional an zerbriechlech. Ee vun deene stäerksten Titelen um Album ass fir mech den Titeltrack. Di britesch Kënschtlerin bréngt et um Song “Champion” nämlech fäerdeg, aus de manner schéinen Erfarungen mat sengen Ex-Partner, trotzdeem positiv Energie ze zéien.

Entgéint villen anere Kënschtler, déi probéieren eis hir Texter als perséinlech ze verkafen, mengt d’Bishop Briggs et domat wierklech eescht. Nieft deem staarke Songwriting kann “Champion” awer och duerch seng Vilfalt iwwerzeegen. Power-Songs wiesselen sech of mat méi rouegen Tracks, ewéi zum Beispill “I Tried” oder “Someone Else”, ouni datt awer doduerch den Drive um Album verluer geet. Bishop Briggs “Champion” – en Album bei deem et sech definitiv lount eranzelauschteren!