AlbumcheckMilky Chance - Mind The Moon

Leschte Freiden hu Milky Chance hiren neien Album "Mind The Moon" erausbruecht!

Leschten Update: 18.11.2019, 14:10:19

Lauschtert eran!

Datt Milky Chance eng vun deene ganz wéinegen däitsche Bands sinn, déi och international richteg ugesot sinn, läit zum engen natierlech dorun, datt si op Englesch sangen. Virun allem ass et awer och hire Sound mat deem si sech vu villen anere Kënschtler ofhiewen. Eng lässeg, melancholesch a verdreemte Mëschung aus Reggae, Folk an Elektro. Net ze vergiessen: Dem Clemens Rehbein seng markant, krazeg Stëmm.



An hiren Texter schreiwen di zwee Schoulkolleegen Clemens Rehbein a Philipp Dausch iwwert eescht Themen ewéi Bezéiungen, Léift, Trennung, d’Feeler déi een am Liewe mécht an och doriwwer wéi ee seng eege Gefiller verstoe kann. Déi Tracks déi mir perséinlech um Album am beschte gefale sinn “The Game”, “We Didn’t Make It To The Moon” an och “Daydreaming” – een Titel dee fir mech de Sound an d’Ausso vu “Mind The Moon” ganz gutt op de Punkt bréngt.

Och wann een heiansdo vläicht e bësse méi Ofwiesslung erwaart hätt, fannen ech “Mind The Moon” vu Milky Chance e gelongenen Album. Di zwee Kënschtler kléngen anescht a bréngen domat eng wëllkommen Ofwiesslung zum Mainstream. Virun allem awer brénge Milky Chance et op “Mind The Moon” fäerdeg, datt hir Lidder engem am Kapp bleiwen an zu reegelrechten Ourewierm ginn.