AlbumcheckColdplay - Everyday Life

Leschte Freiden hu Coldplay hiren neien Album "Everyday Life" erausbruecht!

Leschten Update: 25.11.2019, 14:01:07

Lauschtert eran!

“Everyday Life” ass e politeschen Album. Coldplay kämpfe mat alle Mëttele fir de Fridden op der Welt, fir Nächsteléift, fir e Matenee vun deene verschiddene Kulturen. Dofir schwätze si op hirem neien Album virun allem politesch Themen un: Di amerikanesch Waffe-Politik, d’Flüchtlings-Kris, d’Police-Gewalt, de Klimawandel an um Song “Orphans” de Biergerkrich a Syrien.



Nieft éischter typesche Coldplay-Lidder ewéi den Titeltrack, “Church” oder “Champion Of The World”, verschafft d’Band op “Everyday Life” ganz vill verschidde Musek-Stiler: Pop, Rock, Doo-Wop, Gospel an och esouguer Zitater vun afrikanescher a klassescher Musek.



“Everyday Life” ass en experimentellen Album deen ee vun enger Band ewéi Coldplay éischter net erwaart hätt. En Album, deen ech trotz e puer ze kitschege Momenter awer richteg gutt fannen. Coldplay kombinéieren ënnerschiddlech kulturell a musikalesch Aflëss an hunn domat en ofwiesslungsräichen an emotionalen Album geschaaft.