AlbumcheckKummer - Kiox

Schonn am Oktober huet de Kummer säin aktuellen Album "Kiox" erausbruecht!

Leschten Update: 02.12.2019, 17:02:47

Lauschtert eran!

Direkt am éischten Track “Nicht die Musik” mécht de Kummer kloer, wat den Nolauschterer um Album erwaart: Keng typesch Rap-Themen ewéi Suen, Fraen oder de soziale Status, mee Kritik un der Gesellschaft a perséinlech Songs iwwert d’méi al ginn an allem wat domat zesummenhänkt – “Verweichlichte Befindlichkeitsscheiße” wéi de Kummer et nennt.

View this post on Instagram

Minga Chainz 💙

A post shared by Felix Brummer (@kummer_official) on



E ganz besonneschen Track um Album ass “Der Rest meines Lebens”, dat virun allem wéinst dem Feature-Gaascht Max Raabe. De Felix Kummer rappt iwwert d’Angscht no an no an d’Eefällegkeet ze verfalen, datt et eriwwer ass mat Party an Eskalatioun a lassgeet mat Sécherheet, Gemittlechkeet, brunche sonndes moies a fréi an d’Bett goen. An där leschter Stroph ass de Kummer sech dann awer onsécher a freet sech, ob hien net awer e bësse jalous op déi Leit ass a sech och e klengt Haus am Gréngen wënsche géif. Zesumme mam Max Raabe sengem Charme ass mat "Der Rest meines Lebens" fir mech ee vun den Highlighten um Album entstanen.

               "Ich bin ein Misanthrop, ich hasse alle Menschen gleich
               Egal ob schwarz oder weiß, egal ob arm oder reich
               Aber vielleicht, nur ganz vielleicht
               Bist du okay, okay, okay, okay"
               (Kummer "Okay")

De Felix Kummer ass ee vun de wéinege Kënschtler déi kloer Wieder fannen. Hie verschafft dobäi keng ganz nei Themen, mee hie verschafft se esou, datt säi Message ukënnt. “Kiox” vum Kummer – musikalesch ewéi thematesch e gelongenen Album!