AlbumcheckLiam Payne - LP1

Leschte Freiden huet de Liam Payne säin Debut-Album "LP1" erausbruecht!

Leschten Update: 10.12.2019, 10:37:32

Lauschtert eran!

Genee ewéi di dräi aner vu One Direction ass de Liam Payne mëttlerweil solo ënnerwee an ass domat relativ erfollegräich. Dobäi war säi Liewen a leschter Zäit éischter gepräägt vu Skandaler an Exzesser: Alkohol, Kläppereien, Fraen an hien huet esouguer driwwer nogeduecht sech ëmzebréngen. Op sengem Debut-Album “LP1” thematiséiert de Liam Payne awer virun allem d’Léift an d’Héichten an Déifte vun enger Bezéiung.



De Sound op “LP1” ass ofwiesslungsräich, et gi méi roueg a méi haart Momenter um Album an de Liam Payne verschafft a senger Musek vill verschidde Stiler. Wat mech um Album allerdéngs wierklech stéiert, ass d’Tatsaach, datt de Liam Payne ganzer 6 Songs op den Album gepaakt huet, déi hie schonn eng Kéier als Single erausbruecht hat an déi deelweis scho bal zwee an en halleft Joer al sinn.

Mäi Fazit vum Liam Payne sengem neien Album fält leider negativ aus. Duerch di vill bekannt Tracks op “LP1” geet den Album-Charakter quasi ganz verluer, op mech wierkt “LP1” éischter ewéi eng Usammlung vu Singlen. Donieft bréngt de Liam Payne et net fäerdeg sech vun anere Kënschtler ofzehiewen, säin Album “LP1” wierkt doduerch virun allem thematesch zimmlech eendimensional.