AlbumcheckHarry Styles - Fine Line

Leschte Freiden huet den Harry Styles säin neien Album "Fine Line" erausbruecht!

Leschten Update: 17.12.2019, 16:15:36

Lauschtert eran!

Nom Liam Payne sengem “LP1” ass leschte Freiden e weideren Album vun engem Ex-One Direction-Member erauskomm: “Fine Line” vum Harry Styles. Wann ech de Sound an engem Wuert misst beschreiwen, wier et warscheinlech “nostalgesch”. Dat virun allem, well den Harry Styles sech op “Fine Line” u senge musikalesche Virbiller aus de 70er an 80er Joren inspiréiert: Pink Floyd, Fleetwood Mac oder och Queen beim Chouer-Part um eeleften Track “Treat Poeple With Kindness”.



“Fine Line” ass en Album iwwer Sex a Léift, ewéi den Harry Styles selwer seet. E gutt Beispill dofir ass d’Lidd “Cherry”, keng Referenz op d’Uebst mee op seng Ex-Frëndin d’Camila Rowe. “Cherry” ass nämlech eng Kombinatioun aus deenen zwee hire Virnimm, Camila an Harry. Am Song séngt hien doriwwer, ewéi schlecht et him d’lescht Joer no hirer Trennung gaangen ass.

Den Harry Styles verschafft op “Fine Line” vill verschidde Stiler – Soul, Rock, Pop, Indie – a fënnt dobäi e gudde Mix tëscht rouege, gefillsvolle Balladen ewéi zum Beispill “Falling” an temporäichen Energie-Nummeren ewéi d’Single “Watermelon Sugar”.

Och wann et net onbedéngt fair ass di zwee Kënschtler mateneen ze vergläichen, huet den Harry Styles den Duell géint säi fréiere Band-Kolleeg awer kloer gewonnen. Hien huet säi ganz eegenen an innovative Stil fonnt an huet mat “Fine Line” en Album erausbruecht, dee mir perséinlech immens gutt gefält.