AlbumcheckCeleste - Compilation 1.1

De 6. Dezember 2019 huet di brittesch Kënschtlerin Celeste den Album "Compilation 1.1" erausbruecht!

Leschten Update: 06.01.2020, 14:06:27

Lauschtert eran!

Tammi Terrell, Marvin Gaye, Otis Redding an Aretha Franklin. Dat sinn déi Kënschtler, déi dem Celeste seng Elteren fréier doheem gelauschtert hunn an déi hat geléiert hu sangen, ewéi hat selwer seet. Mat 8 Joer huet d’Celeste nämlech ugefaangen hir Lidder matzesangen an huet doduerch seng Gesangs-Stëmm entdeckt. Ewéi seng Kolleegen sech fir den 18. Gebuertsdag Sue fir de Führerschäin gewënscht hunn, huet d’Celeste sech e MacBook gewënscht, fir sech kënne mat “Garage Band” selwer opzehuelen. No der Première huet hat sech du komplett op seng Museker-Karriär konzentréiert.



2019 konnt d’Celeste säi groussen Duerchbroch feieren: Optrëtt um Glastonbury Festival op der “BBC Introducing Stage”, Support-Act op der Tour vum Michael Kiwanuka, BBC Music Introducing Artist of the Year 2019 an och d’Gewënnerin vum “Rising Star”-Präis bei de BRIT-Awards. D’Celeste ass also um beschte Wee ganz no uewen an dat mat nëmme 26 Joer.

De 6. Dezember 2019 huet d’Celeste de Compilation-Album “1.1” erausbruecht. Dorop si 7 Tracks déi hat am Laf vun deene leschten zwee Joer als Single released huet. Di enorm talentéiert Sängerin presentéiert um Album seng kraaftvoll a villfälteg Stëmm an chilleg Beats, an deenen Jazz- an R&B-Elementer verschafft ginn. “Compilation 1.1” vum Celeste: En Album fir nozedenken, deen ech iech definitiv recommandéieren!