AlbumcheckSelena Gomez - Rare

E Freiden huet d'Selena Gomez säin neien Album "Rare" erausbruecht!

Leschten Update: 13.01.2020, 11:02:49


Di lescht 5 Joer zanter dem Release vu "Revival" waren net einfach fir d'Selena Gomez. Depressiounen a Panikattacken - verursaacht duerch d'Lupus-Erkrankung, déi hat 2016 ëffentlech gemaach huet - hunn dozou gefouert, datt hat seng Tour zum Album huet missen ofbriechen. Am Joer drop huet hat sech wéinst senger Krankheet missen enger Nierentransplantatioun ënnerzéien an dobäi koum och nach d'Trennung vu sengem deemolege Frënd The Weeknd. Mëttlerweil huet d’Selena Gomez sech erëm erholl a verschafft seng Erliefnesser aus de leschte Joren op sengem neien Album “Rare”.



Den Album “Rare” charakteriséiert sech virun allem duerch dee minimalistesche Sound an di staark Aussoe vun den eenzele Lidder. D’Selena Gomez léisst senge Gefiller op “Rare” fräie Laf: Hat séngt iwwert seng Ex-Partner an doriwwer wéi zerbriechlech hat ass. E grousst Thema ass awer och, datt ee léiert sech selwer gär ze hunn an ni opzeginn. Meng Highlights um Album sinn d’Tracks “Poeple You Know”, “Cut You Off” an “Dance Again”.

Et mierkt een, datt d’Selena Gomez mat senger Vergaangenheet ofgeschloss huet. Bis op e puer traureg Momenter, zum Beispill den Track “Lose You To Love Me”, wierkt d’Selena selbstbewosst a positiv. Mat “Rare” huet hat een authenteschen Album erausbruecht, dee mir ganz gutt gefält.