AlbumcheckKesha - High Road

Leschte Freiden huet d'Kesha säin neien Album "High Road" erausbruecht!

Leschten Update: 03.02.2020, 12:23:12

Lauschtert eran!

Viru 6 Joer huet d’Kesha sengem fréiere Produzent a Mentor Dr. Luke virgeworf, datt hien hat sexuell belästegt an esouguer vergewaltegt hätt. Deen huet d’Musekerin doropshi verklot a weist d’Reproche bis haut zréck. De jorelaange Rechts-Sträit huet d’Kesha vill Kraaft kascht. Nodeems hatt 2017 op sengem leschten Album “Rainbow” di schwéier Zäit veraarbecht huet, geet et op sengem neien a véierten Album “High Road” virun allem dorëms erëm Spaass ze hunn.



Op “High Road” fënnt d’Kesha erëm zréck bei dee Sound an deen Image mat deem hat bekannt ginn ass: E wëlle Mix aus Gesang a Rap, Country, Balladen, Rock a Pop, kombinéiert mat enger zimmlech selbstbewosster “Fuck Off”-Astellung. Och wann “High Road”, ewéi d’Kesha selwer seet, en Album mat spaassege Songs ass, huet d’Sängerin och eng rëtsch méi roueg an eescht Lidder mat drop. Esou zum Beispill den Track 14 “Father Daughter Dance” an deem d’Kesha driwwer séngt wéi et ass ouni Papp opzewuessen.

               
               "I don't even know if I wanna have kids

               I don't wanna fuck 'em up the way you did
               And sometimes I wonder, if I'd had a dad
               Would he have protected me from all the bad shit? The bad men?" 
               (Kesha "Father Daughter
Dance")

“High Road” ka virun allem duerch d’Villfältegkeet am Sound an am Kesha senger Stëmm iwwerzeegen. Allerdéngs hätten dräi bis véier Lidder manner dem Album warscheinlech gutt gedoen, vereenzelt Lidder irritéieren nämlech beim lauschteren a passen net esou richteg an d’Klangbild.