AlbumcheckGreen Day - Father of All...

Leschte Freiden hu Green Day hiren neien Album "Father of All..." erausbruecht!

Leschten Update: 10.02.2020, 16:29:18

Lauschtert eran!

Wann eng Band vun engem Kaliber ewéi Green Day en neien Album erausbréngt an am Virfeld net vill dervu geschwat gëtt, ass dat ni e gutt Zeechen. Virun allem wann een, am Fall vu Green Day, 2004 mat “American Idiot” an 2011 mat “21st Century Breakdown” zwee thematesch a musikalesch Meeschterwierker geschafen huet a jiddereen sech freeën dierft wann een nei Musek erausbréngt. Op hirem neiste Release “Father of All...” – di dräi Punkten nom “All” stinn iwweregens fir “Motherfucker” – maache Green Day elo moderne Sound, wat och ëmmer dat heescht.



D’Punk-Zäite si fir Green Day wuel eriwwer – leider, muss ee soen, well di sougenannt “modern” Mëschung aus Pop, Glam, Garage-Rock, Motown a soss nach allem wat et gëtt, fillt sech iergendwéi net richteg un, op allefalls net fir Green Day. Dat eenzegt wat op “Father of All...” vum ale grénge Gesiicht iwwereg bliwwen ass, ass hir erfrëschend Energie.

Generell fannen ech et definitiv gutt wann eng Band mat der Zäit goen an emol eng Kéier eppes anescht ausprobéiere wëll, sief et an den Texter oder am Sound. Allerdéngs sinn ech och der Meenung, datt een ëmmer nach u senge Grond-Wäerter festhale sollt. Green Day waren ëmmer d’Rebellen, hu gesellschafts-kritesch Texter geschriwwen, hu sech fir de Klimaschutz agesat an haten och keng Angscht dem George W. Bush d’Meenung ze soen. Amplaz geet et um neien Album – an Zäiten an deenen et méi néideg wier ewéi jee – virun allem einfach ëm de Spaass. Ech soen et net gär, mee gutt datt “Father of All...” just 26 Minutten dauert.