Eldoradio ExklusivNicki Jam- El Amante

De Reggaeton-Star Nicky Jam ass zréck mat senger neier Single "El Amante"

Leschten Update: 01.02.2017, 15:59:44

Fakten
No sengem Megahit "El Perdon" zesumme mam Enrique Iglesias ass den Nicki Jam zréck mat der neier Single "El Amante", deen éischte Virgeschmaach vu sengem neien Album.

Aussergewéinleches
Den Nicky Jam (biergerlech Nick Rivera Caminero hat nach virun e puer Joer a senger Hemeecht Puerto Rico kaum Succès.  Hien huet 2010 decidéiert, op Medellin a Kolumbien ze plënneren. Do hat hien mat verschiddene Lidder Erfolleg an den Charts. Ausserdeem hat hien – ähnlech wéi de Pitubll –e sëlleche Gaaschtoptrëtter op Alben vun aneren Reggaeton-Staren an huet domat souguer de Rekord vum Daddy Yankee gebrach. 

Fréier Hits
Den definitiven Duerchbroch hat den Nicki Jam mam weltwäiten Mega-Hit „El Perdon“ (mam Enrique Iglesias). An den Billboard Hot Latin Songs-Charts war de Song 26 Wochen hannerteneen un der Spëtzt – méi laang wéi d'Shakira virun 10 Joer mat „La Tortura“.  Dono koumen mat „Quiero estar contigo“ an „Si tu no estas“ (feat. De La Ghetto) weider Hits, 2016 huet hien bei „Como lo hacia yo“ (Ken Y) an an der Latino-Remix-Versioun vun „Cheap Thrills“ (Sia) matgeschafft.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
J Balvin, Daddy Yankee, Pitbull

Lauschtert eran: