Eldoradio ExklusivJamiroquai - Automaton

Deen neien Album "Automaton" kënnt den 31. Mäerz eraus. Am Virfeld gëtt et den Titeltrack als 1. nei Single.

Leschten Update: 01.02.2017, 15:59:31

Fakten
No 7 Joer Paus hunn Jamiroquai fir den 31. Mäerz hiren neien Album "Automaton" ugekënnegt. Den Titeltrack ass eng futuristesch Funkpop-Nummer a gouf als éischt Singleauskopplung virgestallt.

Aussergewéinleches

Jamiroquai, d'Band ronderëm de Sänger Jason "Jay" Kay, huet vun Ufank un di wichtegst Marketingregel vum Musik-Biz verstanen: Fir Erfolleg ze hunn, geet et net duer, musikalesche z'iwwerzeegen, et braucht een och een Image, an sou gofu den Kay  mat sengen Hitt nieft der Musek séier zum Mëttelpunkt. Seng Silhouette gouf als Buffalo Man zum Markenzeechen vun der Band, an huet all Release dekoréiert.

Fréier Hits
Berühmt goufen Jamiroquai fir hiren Retro-Funk Ufank vun den 90er Joeren. Mam Debütalbum "Emergency On Planet Earth" hunn si een Acid Jazz-Revival lancéiert a sech mat hirer Musik fir den Ëmweltschutz agesat. Virun 20 Joer ass hire gréissten Hit eraus komm- den Titel "Virtual Insanity". Dee respektiven Album "Travelling Without Moving" huet sech iwwer 2 Milliounen Mol verkaf.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Earth, Wind & Fire, Kool& The Gang, Chic

Lauschtert eran: