Eldoradio ExklusivJulia Michaels - Issues

Di jonk amerikanesch Songwiterin Julia Michaels presentéiert mam Titel "Issues" hir 1. Single

Leschten Update: 03.02.2017, 05:32:41

Fakten
Mat senge grad mol 23 Joer huet d'Julia Michaels schonn Hits fir Justin Bieber ("Sorry"), Selena Gomez ("Good For You"), Britney Spears ("Slumber Party") oder Hailee Steinfeld ("Love Myself") geschriwwen. Elo huet hatt säin 1. Plackekontrakt ënnerschriwwen a wäert am Laf vum Joer säin Debütalbum eraus bréngen. Deen éischte Virgeschmaach liwwert hatt mat der Single "Issues". An de Staaten huet d'Single et scho bis un d'Spëtzt vun den US-Charts gepackt.

Fréier Hits
Di meescht Leit hunn den Numm Julia Michaels wahrscheinlech nach ni héiere, awer si kenne bestëmmt e puer vu senge Lidder. Sou huet d'US-Amerikanerin ënner anerem dem Selena Gomez seng Hitsingle "Good For You" an dem Justin Bieber säin Track "Sorry" geschriwwen.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Hailee Steinfeld, Dua Lipa, Alma

Lauschtert eran: