Eldoradio ExklusivMartin Garrix & Dua Lipa - Scared To Be Lonely

De Star-DJ Martin Garrix huet sech fir säin neie Song "Scared To Be Lonely" mam Dua gesanglech Ënnerstëtzung an de Studio geholl!

Leschten Update: 04.02.2017, 07:43:59

Fakten
No senger Gold-Single "In The Name Of Love" mellt sech den hollänneschen DJ a Produzent Martin Garrix mat sengem neie Song "Scared To Be Lonely" zréck. Fir d'Vocals huet hie sech déi 20 Joer al  englesch Sängerin Dua Lipa an d'Boot geholl. D'Elektro-Ballade hat op YouTube no e puer Deeg schonn 8 Milliounen Klicks.

Fréier Hits
Weltwäit waarden d'Fans schonn op den Debütalbum vum Dua Lipa, deen Ufank dësem Joer eraus kënnt. D'Sängerin gouf zejoert bekannt mat Hits wéi "Be The One", "Blow Your Mind" an "Hotter Than Hell". De Martin Garrix hat mat "In The Name Of Love" säi gréissten Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Dimitri Vegas&Like Mike, Deorro, The Chainsmokers

Lauschtert eran: