Eldoradio ExklusivBilderbuch - Bungalow

Déi éisträichesch Band Bilderbuch presentéiert eng nei Single aus hirem neien Album "Magic Life".

Leschten Update: 07.02.2017, 07:56:08

Fakten
Deen neien Album "Magic Life" vun Bilderbuch kënnt den 13. Februar 2017 eraus an domat 2 Joer no hirem Album "Schick Schock". Am Virfeld presentéieren si hir nei Single "Bungalow".

Aussergewéinleches

Wéinst hirem “superb work with the moving image” war de Video zu" Maschin" ë.a. beim "Miami International Film Festival" nominéiert a gouf ënnert déi weltwäit beschten 10 an der Kategorie „Music Video“ gewielt. Beim Kuerzfilmfestival Vienna Independent Shorts 2014 gouf de Video als beschten éisträichesche Musikvideo ausgezeechent.

Fréier Hits
Bilderbuch haten 2013 een éischten Hit mam Numm ".Maschin". Ee Joer dono haten si mam Titel "OM" ee weidere kléngen Hit. Hiren Debütalbum "Schick Schock" huet et an Éisträich bis un d'Spëtzt vun den Charts gepackt.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Kraftklub, Bosse, Wanda

Lauschtert eran: