Eldoradio ExklusivDepeche Mode- Where's The Revolution

Depeche Mode presentéieren déi éischt Single aus hirem neien Album "Spirit"

Leschten Update: 08.02.2017, 07:26:22

© afp

Fakten
Di britesch Synthie-Rock-Grupp Depeche Mode huet déi 1. Single vun hirem neien Album publik gemach. Dat neit Stéck „Where's the Revolution“ beschäftegt sech mat der kontroverser politescher Situatioun an der Welt. deen neien Album mam Titel „Spirit“ as dat 14. Wierk vun Depeche Mode a wäert den 17. Mäerz eraus kommen. Am Mee fänkt d'Band hir „Global Spirit Tour“ un- hei spillen d'Museker fir iwwer 1,5 Milliounen Fans an 21 Länner an Europa.

Aussergewéinleches
Depeche Mode sinn eng britesch Synthiepop-Band. De Bandnumm hunn si aus engem franséische Moudemagazin mam Numm "Dépêche Mode".

Fréier Hits
D'Grupp ass mat weltwäit iwwer 100 Milliounen verkaften Placken eng vun den erfollegräichsten Bands vun der Welt. De G Magazine huet  Depeche Mode “The most popular electronic band the world has ever known” genannt. Depeche Mode haten och e sëllechen Hits an hirer Carrière - vun "Personal Jesus" iwwer "Enjoy The Silence", "Just Can't Get enough" an "Policy Of Truth".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Camouflage, The Cure, The Human League

Lauschtert eran: