Eldoradio ExklusivLoyle Carner - Damselfy (feat. Tom Misch)

De Loyle Carner presentéiert déi 2. Singel aus sengem Debütalbum "Yesterday's Gone"

Leschten Update: 09.02.2017, 09:45:24

Fakten
Mam Titel „Damselfly“ presentéiert deen 22 Joer ale Rapper déi 2. Single aus sengem Debütalbum "Yesterday's Gone", deen Enn Januar eraus komm ass. Dat Lidd ass zesumme mat sengem langjährege Frënd Tom Misch entstanen. War seng éischt Single Isle of Arran nach ee ganz melancholeschen Titel, sou kléngt déi nei Single „Damselfly“ däitlech méi gutt gelaunt.

Aussergewéinleches
Als Kand krut de Loyle Carner vun engem Doktor ADHS attestéiert. Mee den Zappelphillip huet säi ganz eegenen Ritalin-Ersaz fonnt: Lidder schreiwen. "Ech sinn eigentlech zimlech impulsiv a... platzen heiansdo mat Saachen eraus, déi ech guer net sou mengen. Beim Schreiwen muss ech mech roueg hisetzen an  eraus fannen, wéi et sech ufillt."

Fréier Hits
E sëlleche Medien sinn sech eens dass de Loyle Carner de Moment zu deene beschte Museker gehéiert déi de Moment aus der der britescher Rap-Szene kommen. Scho mat sengem éischten eegene Song "Cantona" krut hien Opmierksamkeet an der Underground Hip-Hop Szene. Am September 2014 huet hien seng Debüt-EP "A Little Late" eraus bruecht. Haut, knapp 2 1/2 Joer méi spéit, mellt sech de Loyle Carner mat sengem Debütalbum "Yesderday's Gone" zréck, eng Mëschung aus Oldschool Hip-Hop,  Jazz a Soul. Mat deem Album wëllt de Loyle Carner dëst Joer ganz Europa erueweren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
De La Soul, Childish Gambino, Chance The Rapper

Lauschtert eran: