Eldoradio ExklusivLondon Grammar - Big Picture

De briteschen Trio presentéiert mat "Big Picture" schonn déi 2. nei Single fir dëst Joer.

Leschten Update: 10.02.2017, 08:05:21

Fakten
3 Joer no hirem Debütalbum "If You Wait" si London Grammar sech zréck mat neier Musek. Mat "Big Picture" presentéiert déi britesch Indie-Pop-Band London Grammar schonn déi 2. Single dëst Joer. Och hei steet dem Hannah Reid seng onverwiesselbar héich Stëmm am Mëttelpunkt. Deen 2. Album vu London Grammar soll dëst Joer eraus kommen, weider Detailer si bis elo nach net bekannt.

Fréier Hits
Am Dezember 2012 hunn déi 3 Museker am Internet  hir éischt Single "Hey Now" eraus bruecht mat där hinnen den Duerchbroch gelongen ass. Mat der Single "Wasting My Young Years" huet d'Band am Juni 2013 fir d'éischte Kéier déi britesch Charts erreecht. Och Singelen wéi "Strong" an "If You Wait" ware ganz erfollegräich.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Banks, The XX, Lorde

Lauschtert eran: