Eldoradio ExklusivMarian Hill - Down

D'Single "Down" ass am aktuellen Apple iPhone + AirPods Spot ze héieren

Leschten Update: 15.02.2017, 10:01:03

Fakten
Ënnert dem Numm Marian Hill ass een amerikanesche Songwriting-Duo vu Philadelpia zënter 4 Joer ënnerwee. Hir nei Single  “Down,” ass Ufank vun dëser Woch an d'Top 10 vun den iTunes era geklommen. D'Lidd ass am aktuellen Apple iPhone + AirPods Spot ze héieren, ee Spot deen och während em Super Bowl gelaf ass. Doropshin ass d'Lidd an d'itunes Top10 era geklommen. D'Single ass um Debütalbum vun Marian Hill mam Numm “Act One” ze fannen.

Fréier Hits
Am Joer 2015 huet hir Single "One Time" et an d'Top 40 vun den US Alternative Charts gepackt. Och 2016 huet den Duo e puer Singelen eraus bruecht. Ze fanne sinn déi Lidder op hirem Debutalbum "Act One".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Glass Animals, Oh Wonder, Banks

Lauschtert eran: