Eldoradio ExklusivPetit Biscuit - Sunset Lover

Dee franséischen Newcomer kënnt de 4. Mäerz live an d'Rockhal.

Leschten Update: 16.02.2017, 07:56:00

Fakten
"Sunset Lover" vun Petit Biscuit huet mëttlerweil iwwer 18 Mio Plays op Soundcloud an all Mount kommen Milliounen nei Klicks op Spotify dobäi. De YouTube-Video ass och scho bei 20 Millioune Views -dobäi ass den Mehdi Benjelloun, wéi de Petit Biscuit richteg heescht, réischt 17 Joer al. Seng Single "Petit Biscuit" ass ee melancholeschen House-Track.

Aussergewéinleches

Zënter 3 Joer mécht de Fransous scho Musek. Mat der Single "Sunset Lover" ass de Fransous lo am gaangen, richteg duerchstarten.

Fréier Hits
An de soziale Medien huet de Petit Biscuit scho Millioune Follower, elo wëllt den franséischen Newcomer och an den Charts duerchstarten.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Flume, Kungs, Madeon

Lauschtert eran: