Eldoradio ExklusivKaty Perry - Chained to the Rhythm

D'Katy Perry mellt sech zréck mat senger neier Single "Chained to the Rhythm"

Leschten Update: 10.02.2017, 09:31:14

© afp

Fakten
Zënter haut de Moien gëtt et offiziell di nei Single vum Katy Perry! Passend zum Titel "Chained to the Rhythm", also gefesselt un de Rhythmus, huet hatt sech eng Schnitzeljuegd op Instagram iwwerluecht.

Hatt huet an de leschten Deeg op der ganzer Welt riseg Discokuggelen op ëffentleche Platzen festketten gelooss. All Mënsch deen e  Kopfhörer dobäi hat, konnte schonn exklusiv de Song virlauschteren. Säin  Instagram-Account ass voll mat Biller a Videoen iwwert d"Schnitzeljuegd".

D'Katy Perry wäert de Song, deen iwwregens vun der australescher Sängerin Sia geschriwwe gouf, bei de Grammy Awards live op der Bühn presentéieren.

Wéini een neien Album vum Katy Perry eraus kënnt, steet nach net fest. D'Musekerin huet verroden, dass hatt grad e puer Lidder vum Album ëmschreift, fir och Stécker iwwert de Schock vun der US-Wahl mat eran ze bréngen.

Lauschtert eran:



Los Angeles is #chainedtotherhythm

A photo posted by KATY PERRY (@katyperry) on





LINK IN BIO

A photo posted by KATY PERRY (@katyperry) on