Eldoradio Exklusiv - 21. AbrëllDNCE feat. Nicki Minaj - Kissing Strangers

DNCE presentéieren hir nei Single "Kissing Strangers", déi si zesumme mat der Rap-Queen Nicki Minaj opgeholl hunn.

Leschten Update: 22.04.2017, 07:24:19

Fakten
"Kissing Strangers" ass di nei Single vun der US-Popband DNCE ronderëm de Frontman Joe Jonas. No hirem Mega-Hit "Cake By The Ocean" leeën DNCE lo hir nei Single vir: "Kissing Strangers" feat. Nicki Minaj. Responsabel fir dat Lidd ass de schwedeschen Produzenten-Duo Mattmann & Robin, deen och schonn fir "Cake By The Ocean"  hannert dem Mëschpult stoung.

Aussergewéinleches

D'Nicki Minaj huet a leschter Zäit vill Kooperatiounen mat anere Kënschtler gemaach. Réischt kierzlech huet hatt mam Jason Derulo, Gucci Mane, David Guetta an Nick Jonas zesumme geschafft. Wee wäert sech wuel op deen nächste Song mat der Rapperin aloossen?

Fréier Hits
DNCE haten mat der Single „Cake by the Ocean“ ee Megahit, dee weltwäit iwwer eng Milliard Mol gestreamt an iwwer 3 Milliounen Mol als Download verkaaft gouf.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Shawn Mendes, Olly Murs, The Chainsmokers

Lauschtert eran: