Eldoradio Exklusiv - 7. SeptemberMr Probz&Anderson.Paak: Gone

Mr Probz an Anderson.Paak hu sech fir den Track “Gone” zesumme gedinn.

Leschten Update: 08.09.2017, 13:42:37

Fakten
Den hollännesche Produzent Mr Probz an den amerikanesche Rapper Anderson.Paak hunn zesummen eng Single eraus bruecht mam Numm "Gone". Den Anderson.Paak war schonn bei ville Kënschtler als Special Guest ze héieren- dorënenr um Titel "Dance Off" vun Macklemore&Ryan Lewis, oder "Dang!" vum Mac Miller.

Fréier Hits
De Mr Probz ass ee jonke Produzent vun Amsterdam, deen 2013 mat der Single “Waves international bekannt gouf. Vrun allem am Robin Schulz Remix war d'Single e grousse Succès. Dono hat hien mat der Ballade  "Nothing Really Matters" ee weideren Hit.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Bakermat, Macklemore, The Roots, DJ Shadow

Lauschtert eran: