Eldoradio Exklusiv - 11. SeptemberSam Smith: Too Good At Goodbyes

De Sam Smith ass zréck mat der 1. Single vu sengem 2. Album

Leschten Update: 11.09.2017, 05:40:02

Fakten
„Too Good At Goodbyes“ ass dat éischt neit Lidd vum Sam Smith no sengem Nummer 1–Hit „Writing’s On The Wall“, deen de Sam Smith 2015 fir de Bond-Kinofilm „Spectre“ opgeholl hat. „Too Good At Goodbyes” wàert um 2. Album vum Sam Smith ze fanne sinn, an dee soll nach dëst Joer eraus kommen. D‘Single ass zesumme mam Songwriter Jimmy Napes a Stargate entstanen. Eeegenen Aussoen no baséiert den Song op sengen Erfahrungen an enger Bezéiung. Wéi de Sam Smith seet, geet et drëm, wéi ee besser domat ëmgeet, wann deen anere Schluss mécht. 

Fréier Hits
Virun 3 Joer huet de Sam Smith säin Debütalbum „In The Lonely Hour“ eraus bruecht a gouf e weltwäite Star. Hien huet 4  Grammy’en gewonnen an 12 Milliounen Exemplairen vum Album verkaaf. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
James Arthur, James Morrison, James Bay

Lauschtert eran: