
© Eldoradio
Fakten
De 29. September kënnt de neie Robin Schulz Album "Uncovered" eraus. Am Virfeld lancéiert den Osnabrücker Dj a Produzent e weidere Song, an dat obwuel säin "Ok" mam James Blunt nach ëmmer an den Charts vertrueden ass. "I Believe I'm Fine" ass säin neie Song mam franséischen Dj Hugel. Béid kennen sech säit Joren an hu spontan entscheet zesummeschaffen.
Aussergewéinleches:
Am Clip zu der Single "I Believe I'm Fine" gëtt de Robin Schulz vun engem Killer gejot. Deen erwëscht awer ëmmer nees de Falschen. An dee gëtt de Killer net méi lass. Um Enn gesäit een dann och nach den Hugel op der Kiermes, am gielen Jogging.
Fréier Hits
Den Hugel huet am Joer 2015 mam Jimmy Hennessy de Song "Coming Home" erausbruecht gehat.
De Robin Schulz ass mat senger Versioun vum Mr. Probz Song "Waves" bekannt ginn. Duerno ass "Prayer in C" erauskomm. A leschter Zäit hat e mam David Guetta en Hit "Shed A Light", wéi och mam James Blunt "Ok".
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Felix Jaehn, Avicii, Kungs
Lauschtert eran: