Eldoradio Exklusiv - 13. SeptemberAlice Merton - Hit The Ground Running

No "No Roots" ass di nei Single vun der Weltebummlerin "Alice Merton" do.

Leschten Update: 13.09.2017, 06:48:47

© Georg Hochmuth / AFP

Fakten
Dem Alice Merton säi "No Roots" ass op de Radiostatiounen erop an erof gelaf, elo gëtt et Zäit fir e weidere Release. An d'Musekerin weess seng staark Stëmm nees an de Mëttelpunkt ze setzen, se wierkt esou guer nach mi kräfteg wéi an der Debutsingle. "Hit The Ground Running" huet Ouerwuerm-Potential. Am Song geet et drëms d'Saachen selwer an d'Hand ze huelen an ëmzesetzen. 
D'Lidd ass um Merton senger éischter EP drop di am Februar eraus komm ass a "No Roots" heescht. Am nächste Joer soll en Debutalbum vun der britesch-däitscher Musekerin erauskommen. 


Aussergewéinleches:
D'Visiteure vum Food For Your Senses wieren am August wuel an de Geschmaach vun "Hit The Ground Running" an der Live-Versioun komm, wier d'Musekerin net krank gewiescht. Säi Concert hat kuerzfristeg missen ofgesot ginn. 


Fréier Hits
Mat "No Roots" huet d'Alice Merton am Mee an am Juni fir 3. Wochen d'Plaz 1 am Eldo Charbreaker ageholl gehat. An Däitschland sollt di 2. Plaz dobäi eraussprangen an et gouf och eng éischte Kéier Gold a Platin fir d'Musekerin. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Julia Michels & Alma

Lauschtert eran: