Eldoradio Exklusiv - 14. SeptemberKraftklub - Chemie Chemie Ya

Di nei an 4. Single aus dem aktuelle Kraftklub Album "Keine Nacht für Niemand" nennt sech "Chemie Chemie Ya".

Leschten Update: 14.09.2017, 00:01:01

Fakten
Den Titel vum aktuellen an zimlech neien Kraftklub Album "Keine Nacht für Niemand" kennt aus hirer neier Single "Chemie Chemie Ya". Et ass e Song iwwer Drogen. Et geet vun Afterparty zu Afterparty. Geschlof gëtt net! De Song ass no "Dein Lied", "Fenster" a "Sklave" schonn de 4. Release aus dem Album, den Ufank Juni erauskomm ass an direkt op d'Plaz 1 vun den däitschen Album Charts geklommen ass. 

Aussergewéinleches:
Mat engem Post op Facebook hu Kraftklub sech d'Lëscht Joer am August zréckgezunn. 1 Joer Paus vun de grousse Bühnen a vill Studioaarbecht war d'Ziel. De neien Album "Keine Nacht für Niemand" ass d'Resultat. 

Fréier Hits
En éischten Hit haten di 5. Museker vu Chemniz am Joer 2011 mat hirem "Ich Will nicht nach Berlin". Eng éischte Kéier Platin gouf et am Fréijoer 2012 mat "Songs für Liam". 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Beatsteaks & Bilderbuch

Lauschtert eran: