
Fakten
The Kolors goufen 2010 zu Neapel gegrënnt. Mëttlerweil ass den Trio wäit iwwert seng Landesgrenzen eraus bekannt.
Fréier Hits
Hiren 2. Album vun 2015 gouf an Italien mat Véierfach-Platin ausgezeechent a stoung do 13 Wochen un der Spëtzt vun den Album-Charts. Am selwechte Joer waren si bei den MTV EMA's nominéiert. Dorop ze fannen war d'Single "Why Don’t You Love Me?". Deen aktuellen Album "You" huet et an hirer Heemecht op Plaz 4 gepackt.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Neon Trees, Young The Giant, Saint Motel