Eldoradio Exklusiv - 22. SeptemberKygo - Stargazing

Nom Hit "It Ain't Me" ass den Kygo zréck mat enger neier Single

Leschten Update: 22.09.2017, 15:25:40

Fakten
''Stargazing'' heescht di nei Single vum Kygo featuring Justin Jesso. Scho vrun e puer Wochen heut den norwegesche Produzent seng Fans op engem Festival a senger Heemecht mat dësem neie Lidd iwwerrascht. 

Aussergewéinleches:
De Kygo huet seng nei Single en Dag virum eigentleche Release an den Ëmlaf bruecht an donieft och nach eng Mini-EP mat 5. Lidder erausbruecht. D'EP heescht wéi di nei Single "Stargazing". Aktuell schafft hien och un engem 2. Album. 


Fréier Hits
Mat 19 Joer huet de Kygo ugefaangen, elektronesch Musek ze produzéieren. Hien huet kuerz drop Remixer gemaach vum Ed Sheeran (I See Fire) a vu Coldplay (Midnight). "Firestone" wiar säin éischten eegenen Hit- eng Zesummenaarbecht mam australesche Sänger Conrad Sewell. Single Nummer 2 war den Titel "Stole The Show". 2017 hat de Kygo weider Hits - dorënner "It Ain't Me" mam Selena Gomez an "First Time" mam Ellie Goulding. 

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, Felix Jaehn, Robin Schulz


Lauschtert eran: