
Fakten
Dem Cro säin neit Wierk "tru." ass iwwerraschend experimentell, huet awer trotzdeem e puer Hits. Nieft dem Titeltrack "tru" an de Singelen "Unendlichkeit" a "Baum" glänzt dobäi och den Titel "Todas". Zesumme mam haitianesche Star-Museker Wyclef Jean huet de Cro mat "Todas" ee relaxen Feel-Good-Hit erschafen - mat Aflëss vun Afro-Trap a Latin-Sounds an engem spuenesche Refrain.
Aussergewéinleches:
Seng Mask huet de Cro als Schutz, fir sech – dann ouni Mask – onerkannt an der Ëffentlechkeet ze bewegen. "Ech lafen duerch d'Strossen a ginn (ouni Mask) null erkannt. Dat ass gutt fir mäi Charakter. Wann ech d'Mask net hätt, da wier ech anescht mat frieme Mënschen. Dann hätt ech wahrscheinlech Starallüren."
Fréier Hits
Mat der Single "Easy" hat de Cro 2012 säin éischten Hit. Dono koume weider Hitsingelen wéi "Du", "Einmal um die Welt", "Whatever" an "Unendlichkeit"
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Marteria, Casper, Sido