Eldoradio Exklusiv - 29. SeptemberEd Sheeran - Perfect

Den Ed Sheeran presentéiert mam Titel "Perfect" déi 4. Single aus dem Album "Divide".

Leschten Update: 29.09.2017, 04:17:01

Fakten
Seng nei Single „Perfect“ ass eng emotional Ballade, an där et ëm ee ganz besonnesche Phenomen geet. De Song handelt dovun, dass aus enger langjähreger Frëndschaft schließlech awer nach eng onverhofft Liebesbezéiung gëtt. 

Aussergewéinleches:
Zanter dem Ufank vu senger Musekskarrière hat den Ed Sheeran regelméisseg Gaaschtoptrëtter an Telesserien.  Hien war ënner anerem an der Sitcom "Undateable" ze gesinn, an "Game of Thrones", an och am Film "Bridget Jones' Baby" aus dem Joer 2016 hat hien ee Gaaschtoptrëtt.

Fréier Hits
Säin éischten Hit hat den Ed Sheeran 2011 mam Titel "The A Team". Dono koumen vill weider erfollegräich Singeléen dobäi, wéi "I See Fire", "Shape of You an "Castle on the Hill".


Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:

James Bay, James Morrison, Passenger

Lauschtert eran: