Eldoradio Exklusiv - 2. OktoberSuperorganism - Something For Your M.I.N.D.

8 Kënschtler aus 4 verschiddene Länner forméieren Superorganism.

Leschten Update: 02.10.2017, 05:49:02

Fakten
D'Formatioun besteet aus 8 verschiddene Museker, déi aus Japan, Neiséiland, England an Australien kommen. 7 vun hinne wunnen zesummen zu London, d'Sängerin Orono wunnt an Amerika a war de Moment vun der Opnahm nach op der High School. Hir Single "Something For Your M.I.N.D." ass e bësse freaky, awer zimlech catchy an huet et schonn op de Soundtrack vun FIFA 18 gepackt.

Aussergewéinleches:
Wéi "Something For Your M.I.N.D." am Netz opgedaucht ass, huet d'Lidd sech séier verbreet. Mee dunn ass de Song nees verschwonnen, well et gouf anscheinend ee Sample ouni Erlabnis benotzt. Elo ass alles gekläert an d'Single ass nees ze héieren.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
MGMT, Parcels, Lorde

Lauschtert eran: