Eldoradio Exklusiv - 3. OktoberPink - Beautiful Trauma

No der Single "What About Us" ass d'Pink elo zréck mam neien Titel Single "Beautiful Trauma"

Leschten Update: 03.10.2017, 04:41:01

Fakten
Den 13. Oktober bréngt d'Pink säin neien Album "Beautiful Trauma" eraus. Am Virfeld presentéiert hatt den Titeltrack als nei Single. 

Aussergewéinleches:
Viru senger Solocarrière war d'Pink Member a verschiddene Girlgroups. Verschidde Produzenten hunn dunn aus him ee wäissen R'n'B Star gemaach. 

Fréier Hits:
Am Joer 2000 koum säin Debütalbum "Can't Take Me Home" op de Maart, a schonn déi éischt Single "There You Go" huet Plaz 7 vun de US Billboard Charts erreecht. Weltwäit berühmt gouf hatt 2 Joer méi spéit mam Album "Missundaztood" an den Hits "Get The Party Started" grad wéi "Just Like A Pill". 2002 krut hatt de Grammy fir d'Interpretatioun vum Song "Lady Marmalade" zesumme mam Lil' Kim, Mya a Christina Aguilera.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Anastacia, Christina Aguilera, Alanis Morissette

Lauschtert eran: