
"Never Too Late" heescht di nei Single, déi Alle Farben zesumme mam britesche Singer-Songwriter Sam Gray opgeholl huet.
Fréier Hits
De Berliner Produzent Frans Zimmer aka Alle Farben huet sech säit sengem Debutalbum „Synesthesia“ Ufank 2014 ëmmer méi zu enger Hitmaschinn entwéckelt. Mat Hits wéi "She Moves (far Away) oder "Please Tell Rosie" huet hien d'Fans eruewert a war och wochelaang ganz fir an den Charts.
Seng Kollaboratioun "Supergirl" mat der Sängerin Anna Naklaba mam Produzentenduo Younotus war 42 Wochen an den däitschen Charts an huet Platinstatus erreecht. Seng aktuell Single "Little Hollywood" leeft ëmmer nach vill um Radio.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Klangkarussel, Felix Jaehn, Robin Schulz