Eldoradio Exklusiv - 6. OktoberFelix Jaehn: Like A Riddle

De Felix Jaen presentéiert mat "Like A Riddle" eng weider Single aus sengem Debütalbum "I".

Leschten Update: 09.10.2017, 23:57:01

Fakten
No sengem Nummer 1 Hit "Hot2Touch" presentéiert de Felix Jaehn mam Titel "Like a Riddle" elo ee weideren Extrait vu sengem Debütalbum. Den 16. Februar 2018 wäert den Album mam  „I“ iwwerall ze kréien sinn. 

Den Debütalbum vum Felix Jaehn huet am ganzen 25 Songs. Nieft 15 neien Tracks, dorënner d'Singelen "Hot2Touch", "Feel Good" a "Like a Riddle", sinn och di grouss Hits wéi "Cheerleader", "Ain’t Nobody (Loves Me Better)", an "Bonfire" mat dobäi.

Fréier Hits
De Felix Jaehn ass schonn zanter sengem 16. Liewensjoer als DJ ënnerwee. Just e puer Joer méi spéit gouf deen haut 22 Joer ale Museker weltberühmt - duerch säi Remix vum Titel "Cheerleader", deen am Original vum jamaikanesche Sänger OMI staamt. Seng 2. Single "Ain't Nobody (Loves Me Better)" huet de Felix Jaehn mat der britescher Popsängerin Jasmine Thompson opgeholl. De Song gouf e groussen internationalen Erfolleg a war an der House Szene de Summerhit 2015. Zesumme mat der finnescher Sängerin Alma koum d'lescht Joer deen nächste Mega-Hit. D'Singe "Bonfire" ass e weideren Ouerwuerm.

Aussergewéinleches:
2 Joer soll de Felix Jaehn u senger neier Single geschafft hunn – ongewéinlech laang fir ee modernen Hit. Mee d'Waardezäit soll sech fir d'Fans rentéieren. Well déi kënne sech op ee funkege Summer-Hit freeën. Den Felix Jaehn huet hei den amerikanesche YouTube-Star an Hit-Sänger Alex Aiono an de briteschen DJ Hight mat an d'Boot geholl.

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sam Feldt, Lost Frequencies, Robin Schulz

Lauschtert eran: