Eldoradio Exklusiv - 19. OktoberTom Walker - Leave A Light On

De schottesche Sänger presentéiert seng villverspriechend nei Single "Leave A Light On".

Leschten Update: 19.10.2017, 05:14:01

Fakten
"Leave A Light On" ass di nei Single vum schottesche Sänger a Songwriter Tom Walker. De Song gouf vum Steve Mac produzéiert, deen ënner anerem och fir dem Ed Sheeran säin Titel „Shape Of You“ an dem Anne Marie säin Hit „Alarm“ responsabel ass. 

Aussergewéinleches:
Den Tom Walker gët vu ville Museksexperte schonn als „schottesch Äntwert op den Ed Sheeran“ gefeiert. 

Fréier Hits:
Säin Track „Just You and I“ huet gläich 12 Millioune Streams op Spotify erreecht. Aner erfollegräich Stécker waren „Blessings“ oder „Heartland“.
 
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Tom Grennan, Gavin James, JP Cooper

Lauschtert eran: