
Fakten
Fir säin aktuellen a mëttlerweil 8. Album huet den Haitianer sech bal 8 Joer Zäit gelooss. Elo ass déi Paus eriwwer an de Wyclef Jean huet zesumme mam Lunchmoney Lewis déi 1. Singleauskopplung "What Happened To Love" presentéiert. Des weideren si Kënschtler wéi Emeli Sandé an DJ Khaled als Special Guests um Album vertrueden.
Aussergewéinleches:
Den Album "Carnival III: The Fall and Rise of a Refugee" ass de 15. September eraus komm. De Release-Datum ass den 20. Joeresdag vu sengem gefeierten Solo-Debüt "The Carnival" aus dem Joer 1997.
Fréier Hits:
Zanter dem Hit-Album "The Score" aus dem Joer 1996 vun de Fugees huet den haitianesche Museker, Songwriter a Produzent als Solo-Kënschtler 7 Alben op de Maart, déi sech weltwäit méi wéi 9 Millioune Mol verkaaft hunn.
Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Sean Paul, Lupe Fiasco, Will Smith
Lauschtert eran: