Eldoradio Exklusiv - 17. NovemberNico Santos - Rooftop

No erfollegräiche Kollaboratioune mat anere Museker presentéiert den Nico Santos lo eng eege Single.

17.11.2017, 04:11:40

Fakten:
Vru kuerzem huet den Nico Santos seng nei Single "Rooftop" eraus bruecht. Mat dësem Titel geet den däitsch-spuenesche Sänger an d'Richtung vum New Soul.

Aussergewéinleches:
Den Nico Santos war bis elo éischter hannert de Kulissen aktiv - elo këmmert hie sech ëm seng eege Gesangs-Karriere. "Rooftop" ass seng aktuell Single. Een Album soll nach dëst Joer eraus kommen.  

Fréier Hits
Hien huet scho mam Robin Schulz, Mark Forster an Helene Fischer zesumme geschafft. 2016 huet hien zum Beispill mam Mark Forster den EM–Song “Wir sind groß” geschriwwen. Hien huet beim Soundtrack vum Kinofilm "Fack Ju Göhte 2" matgeschafft. Elo presentéiert den Nico Santos seng nei Single "Rooftop".

Wann iech dat gefält, da sinn dës Kënschtler och eppes fir iech:
Deepend, Rhys Lewis, Topic, Axwell Ingrosso

Lauschtert eran: